
AS Roum huet dobäi de Ligakonkurrent AC Mailand eliminéiert. No der Victoire am Allersmatch hunn d’Réimer och de Retourmatch fir sech entscheet. An der Halleffinall kréien d’Italiener et elo mam däitsche Champion Bayer Leverkusen ze dinn. De Jonge vum Trainer Xabi Alonso ass am Retourmatch géint West Ham e Remis duergaangen, fir en Tour weiderzekommen. Et war fir Leverkusen iwwregens de 44. Match noeneen ouni Néierlag.
An där aner Halleffinall steet mat Atalanta Bergamo eng weider italieenesch Ekipp. Nodeems een den Allersmatch mat 3:0 géint Liverpool gewanne konnt, konnt ee sech am Retourmatch eng 0:1-Néierlag erlaben. De Géigner an der Halleffinall heescht: Olympique Marseille. D’Fransouse konnte sech no Eelefmeterschéisse géint Benfica Lissabon duerchsetzen.