FuttballRout Léiwe bannent 3 Deeg géint Belsch a Frankräich?

RTL Lëtzebuerg
Aus dem Lëtzebuerger Futtball kommen d'Rumeuren, datt d'Rout Léiwen de 5. Juni ee Frëndschaftsmatch zu Metz géint Frankräich spillen.
© Val Wagner (Archiv)

Op Nofro hi gouf eis dës Informatioun vu Säite vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun weder confirméiert, nach dementéiert. Et géing ee genau sou wéi déi franséisch Nationalekipp ee Géigner fir deen Datum sichen, allerdéngs hätt d’FLF do méi Federatiounen ugeschriwwen.

De President vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun, de Paul Philipp, huet sengem franséischen Homolog Philippe Diallo um UEFA-Kongress zu Paräis am Februar signaliséiert, datt d’FLF-Selektioun gewëllt wier, een Testmatch géint Les Bleus ze spillen. Bis ewell awer nach ouni Äntwert. Den 8. Juni spillt d’Ekipp vum Luc Holtz wéi gewosst virun der Europameeschterschaft ee Frëndschaftsmatch an der Belsch.

Back to Top
CIM LOGO