En Dënschdeg den Owend brauch d’Ekipp vum Luc Holtz no der Defaite géint Zypern mindestens ee Punkt, wann d’Rout Léiwen d’Hoffnung op déi éischte Plaz an hirem Grupp wëllen oprecht erhalen. Deen Ament misst Zypern awer géint Montenegro gewannen. Sollt Lëtzebuerg gewannen, géing hinnen an deem aner Match och e Remis duergoen, fir sech déi éischt Plaze ze sécheren.
D’FLF-Formatioun huet de leschte Samschdeg am GSP Stadium zu Nikosia op Zypern déi éischte Plaz an hirem Grupp verspillt. En Dënschdeg den Owend am Stade Josy Barthel huet d’Ekipp vum Luc Holtz d’Gruppevictoire also net méi an der eegener Hand. D’Enttäuschung iwwert des batter 1:2-Defaite ass awer verdaut.
“Net séier vergiess, mä haut hate mir de Moie fräi a konnten an d’Schwämm goen a bësse relaxen. Mir trainéiere wéi soss och haut weider a preparéieren eis op de Match vu muer.” esou de Lars Gerson e Méindeg.
En einfache Géigner ass den Aserbaidjan net. D’Rout Léiwen hunn den Allersmatch zwar mat 2:1 gewonnen, mä d’Gäscht spillen an der Nations League géint den Ofstig.
Bei der FLF-Formatioun kéint awer ënner Ëmstänn e groussen Deel vun der Defensiv mussen ëmgekrempelt ginn, dat aus zwee Grënn. Op där enger Säit sinn d’Verdeedeger Selmovic a Carlson gespaart an op där anerer Säit sinn eng Rei Spiller ugeschloen. Dorënner fält de Laurent Jans, de Leandro Barreiro, de Mica Pinto an den Aldin Skenderovic.
“Ech probéieren och, eise System en fonction vun deem ze adaptéieren an dann natierlech och eis Aart a Weis ze spillen, wann ech net déi futtballeresch Qualitéit hunn, déi noutwendeg sinn, fir kënnen dominant ze sinn.”, erkläert de Luc Holtz.
Donieft feelen de Christiopher Martins an de Maxime Chanot jo souwisou schonn. De Lars Gerson kéint deen eenzege Stammspiller vun der Defense sinn, dee mat ufänkt.
Duerch déi personell Suergen kéint den FLF-Nationaltrainer säi Spill an deem Sënn upassen, datt hien de Block méi déif setzt wéi soss an d’Rout Léiwen aus enger kompakter Defense mat engem séieren Ëmschaltspill hir Chancë sichen.
Dowéinst muss de Luc Holtz den Ofschlosstraining ofwaarden an eventuell seng taktesch Iddien adaptéieren. Falls et en Dënschdeg den Owend awer net mat der Gruppevictoire klappen sollt, kann de Luc Holtz awer mat der zweeter Plaz liewen.
“Am Ufank vun der Nations League war et wichteg, net déi Lescht ze ginn. Dat war dat éischt Zil. Dat hu mir souverän bis elo gemeeschtert an et ass och ganz sécher, dass mir déi Zweet ginn an elo hu mir déi confortabel Situatioun, dass mir muer den Owend spille kënnen, fir de Match ze gewannen.”, esou nach den Nationaltrainer.
Ma bis elo war et schonn e richtege Pleséier, d’Jonge spillen ze gesinn, och wann et emol deen een oder anere méi schwierege Moment gouf, sot de Lëtzebuerger Futtballnationaltrainer op der Pressekonferenz. Wat d’Leeschtung um Enn vum Joer vum Gerson Rodrigues ugeet, ass de Luc Holtz zefridden domat. Et wär e Spiller mat engem groussen Häerz. Dat wat hien elo erreecht huet, huet hie sech selwer erschafft an dat soll ee respektéieren.
Et géif héich Zäit, datt den neie Stadion fäerdeg ass. De Luc Holtz hofft, datt et dee leschte Match am Josy Barthel ass. “D’Freed ass grouss op den neie Stadion an et soll elo kee mer soen, datt en am Mäerz net fäerdeg wär,” huet de Futtballnationaltrainer wësse gedoen.
An ob dat klappt a wéi d’Lëtzebuerger sech am leschte Match vun dëser Nations-League-Campagne aus der Affär zéien, kënnt dir en Dënschdeg den Owend vun 20.45 Auer un um Radio, op der Tëlee um RTL Zwee an am Livestream op RTL.lu suivéieren.