Den Dënschdeg de Mëtteg op der Pressekonferenz am “Stade de Luxembourg” gouf natierlech iwwer de Géigner vun e Mëttwoch geschwat, déi vill Lëtzebuerger Spiller, déi feelen, d’Ambitiounen, fir déi 3 Punkten ze kréien, mee den neie Stadion war awer am Fokus vu ville Froen un den Nationaltrainer Luc Holtz, dee seng Virfreed, um neie Stadion kënnen ze spillen, net konnt a wollt verstoppen.
Et ass e Mëttwoch also den éischten offiziellen Optrëtt vun de Roude Léiwen am neie Stade de Luxembourg. Mat 3 Punkte aus bis elo 2 gespillte Matcher steet een an der Tabell op der 3. Plaz, dat hannert Portugal a Serbien.
Laang Jore war de Stade Josy Barthel déi Plaz, wou d’Lëtzebuerger Futtball-Nationalekipp hir Heemmatcher gespillt huet. Elo geet et an de fonkelneie Stade de Luxembourg, dee mat vill Retard opgeet an den initiale Käschtepunkt wäit iwwertrëfft.
Géint Aserbaidjan feelen dem Nationaltrainer direkt eng ganz Rei Spiller. No de positive Corona-Tester vu Pimentel an Dzogovic goufen dës kuerzfristeg ersat.
2.000 Zuschauer dierfen e Mëttwoch mat am neie Stadion dobäi sinn.