
De momentanen Tabellenzweete Portugal läit ee Punkt hannert Serbien, huet allerdéngs ee Match manner gespillt. D’Serbe spillen zäitgläich doheem géint Aserbaidschan.
Am Verglach zu der 0:1-Néierlag e Samschdeg géint Serbien, stinn dem Luc Holtz en Dënschdeg den Owend nees sämtlech FLF-Spiller zur Verfügung, also och nees de Christopher Martins an de Gerson Ridrigues.
De Match kënnt Dir wéi gewinnt live um RTL ZWEE suivéieren.
Déi däitsch Nationalekipp huet sech iwwregens e Méindeg den Owend mat engem 4:0-Succès an Nordmazedounien als éischt Ekipp iwwerhaapt fir d’WM am Qatar sécher qualifizéiert.