DammenhandballRout Léiwinne verléieren éischte Frëndschaftsmatch géint Italien mat 13:25

RTL Lëtzebuerg
Am Handball huet d'Lëtzebuerger Dammennationalekipp e Freideg hiren éischte vun zwee Frëndschaftsmatcher géint Italien gespillt.
© RTL Archivbild

D’Rout Léiwinne konnten déi éischt Halbzeit relativ no dru bleiwen. D’Leeschtung war och déi éischt 30 Minutten zu Diddeleng an der Rei.

Nom Säitewiessel konnt d’FLH-Selektioun nach ronn 10 Minutte mathalen, dono hunn d’Spillerinne vum Nationaltrainer Adrian Stot ganz vill Problemer gehat, laanscht déi italienesch Defense ze kommen.

E Samschdeg um 16 Auer spillen d’Lëtzebuergerinnen dann nach emol géint Italien. De Match gëtt nees am Centre Sportif René Hartmann zu Diddeleng gespillt.

Dammenhandball Lëtzebuerg géint Italien
Lëtzebuerg verléiert den éischte Frëndschaftsmatch géint Italien mat 13:25.

Back to Top
CIM LOGO