Dammen-EM-QualifikatiounRout Léiwinnen treffen op Schottland, Israel an d'Belsch

RTL Lëtzebuerg
Am Grupp B4 wäert d'Dammennationalekipp d'nächst Joer 6 Partië spillen. Zwee vun deene Matcher wäerten op neutralem Buedem ausgedroe ginn.
© Screenshot Youtubestream

Souwuel den Allers- wéi och de Retourmatch géint Israel, déi fir de 14. an 18. Abrëll 2026 ugesat sinn. D’Federatioune vun dësem Grupp hunn dat fir all d’Partië géint Israel decidéiert.

Ufänken deet d’Campagne den 3. Mäerz géint d’Schottinnen. De Retour ass fir de 7. Mäerz geplangt.

Den Duell mat de Rouden Däiwelinnen aus der Belsch bestreiden eis Rout Léiwinnen de 5. Juni. De Réckmatch ass véier Deeg méi spéit, de 9. Juni ugesat.

Wou genee d’Partië wäerten ausgedroe ginn, wäert zesumme mat der UEFA koordinéiert an da bekannt gemaach ginn. Souwuel d’Heem- wéi och d’Auswäertsmatcher géint Israel ginn op engem neutralen Terrain gespillt.

Liest hei de Pressecommuniqué vun der FLF.

Back to Top
CIM LOGO