
Déi russesch Äiskonschtleeferin Kamila Valieva soll schonns virun de Spiller positiv getest gi sinn. Eng offiziell Confirmatioun feelt allerdéngs nach. Den IOC schwätzt vun “oppene Rechtsfroen”, warscheinlech och, well d’Valieva eréischt 15 Joer al ass.
Russesch Medie mellen iwwerdeems d’Valieva wier virun de Wanterspiller positiv op Trimetazidin getest ginn. E Méindeg huet si dunn zu Peking mat der Ekipp Gold gewonnen. Och an der Eenzelkompetitioun huet déi jonk Russin zu de Favoritinne gezielt.
“RBC” no gouf just eng kleng Quantitéit vum Medikament, dat bei enger Angine verschriwwe gëtt, nogewisen.
Bei de Wanterspiller 2018 zu Pyeongchang war bei der russescher Bobfuererin Nadescha Sergejeva déi nämmlecht Substanz entdeckt ginn. D’Medikament soll d’Ausdauer an de Bluttfloss erhéijen, wéi d’Wada matdeelt. Och de chinesesche Schwammstar Sun Yang war 2014 mat deem Mëttel erwëscht ginn a fir 3 Méint gespaart ginn.