
Mat vill Spannung gouf d’Urteel vum Internationale Sportgeriichtshaff zu Lausanne géint déi russesch Anti-Dopping-Agence, Rusada, erwaart.
De Cas huet d’Strof vu 4 Joer, déi d’Welt-Anti-Dopping-Agence ausgeschwat hat, op elo 2 Joer erofgesat.
Konkret heescht dat, dass russesch Athleten net un den Olympesche Spiller dat nächste Joer zu Tokio a Japan däerfen deelhuelen an och net un de Wanterspiller 2022 zu Beijing a China.
D’WADA hat am éischten Urteel argumentéiert, dass déi russesch Anti-Dopping-Agence net konform mat der Welt-Anti-Dopping-Agence wier.
Nodeems 2015 staatlechen Dopping a Russland opgedeckt gouf, gouf d’Rusada vun der Wada suspendéiert.
Dës Spär gouf 2018 opgehuewen nodeems d’Rusada Daten un d’Wada eraus ginn huet. Dës waren awer gefälscht.