
Dem FC Saarbrécken ass déi nächst grouss Iwwerraschung gelongen. De Veräin aus der Regionalliga steet no engem Krimi am Eelefmeterschéissen an der Halleffinall vum DFB-Pokal. An der zweeter Partie konnt sech Bayern mat 1:0 géint Schalke duerchsetzen. An England verléiert Liverpool hiren nächste Match an ass domat aus dem FA Cup eraus.
D’Ekipp aus der Regionalliga Südwest war am Match géint den Éischtligist Fortuna Düsseldorf kloer den Underdog. Nawell haten d’Haushären de bessere Start an de Match erwëscht a louchen no 31 Minutten och mat 1:0 am Avantage duerch e Gol vum Jänicke. Ganz laang Zäit konnte si dësen Avantage halen. An der 83. Minutt krut Düsseldorf dunn een Eelefmeter, ma hire Buteur Hennings huet dëse verschoss. An der 90. Minutt dunn awer de Schock fir de Regionalligist: de Jörgensen konnt do nämlech den Ausgläich markéieren an esou huet et missen an d’Verlängerung goen. Och hei sollt keng Decisioun an do huet et missen an d’Eelefmeterschéisse goen. Hei hat Düsseldorf direkt zweemol d’Chance, de Match fir sech ze entscheeden, dat sollt hinnen awer net geléngen. Ganzer 10 Eelefmeter goufe vun all Ekipp geschoss, ier Saarbrécken um Enn sensationell mat 7:6 am Eelefmeterschéisse wënnt.
Bayern konnt sech en Dënschdeg den Owend iwwer den Ticket fir d’Halleffinallen am DFB-Pokal freeën. Den amtéierende Champion war iwwerleeën a wënnt um Enn verdéngt mat 1:0 géint Schalke. Den entscheedende Gol huet de Joshua Kimmich an der 40. Minutt geschoss. Zwar hat Schalke och déi eng oder aner gutt Chance, iwwer wäit Strecke konnte si mam däitsche Rekordchampion awer net mathalen a musse sech esou geschloe ginn.
Nodeems d’Serie vu Liverpool an der Liga gerass ass bei der 0:3-Néierlag géint Watford, ass d’Aventure FA Cup elo och gelaf fir d’Ekipp vum Trainer Jürgen Klopp. Den FC Liverpool war en Dënschdeg den Owend dem FC Chelsea nämlech mat 0:2 ënnerleeën. De Willian konnt schonns no 13 Minutten den 1:0 schéissen, ier de Ross Barkley an der 64. Minutt den Deckel drop gemaach huet. Domat steet Chelsea elo an der Véierelsfinall vum FA Cup. Fir d’Liverpool Fans bleift ze hoffen, dass dësen “Negativ-Tren” net esou weidergeet, soss kéint och schonns gläich an der Champions League Schluss si fir den Titelverdeedeger. Do huet een am Allersmatch nämlech och eng Néierlag missen astiechen.