Lëtzebuerger Futtballer am AuslandSaint-Gilloise mam Moris weider un der Spëtzt an der Belsch

RTL Lëtzebuerg
Am hollännesche Championnat verléiert Sparta Rotterdam mat 0:1 géint Feyenoord, wärend de Sébastien Thill beim 2:0 fir Sheriff Tiraspol ee Gol markéiert.
© Val Wagner (Archiv)

En Dënschdeg hunn den Danel Sinani an Huddersfield an der englescher Championship gläich gespillt. Auswäerts huet ee géint Petersborough 1:1 gespillt. De Lëtzebuerger gouf an der 70. Minutt ausgewiesselt. Huddersfield steet aktuell op der fënnefter Plaz an der Tabell.

Méindeg

Ouni den Olivier Thill, dee wéinst enger giel-rouder Kaart gespaart war, huet Worskla Poltawa an der Ukrainescher Premier League just 0:0 doheem géint Tschornomorez Odessa gespillt. Duerch de Verloscht vun 2 Punkte géint den Tabellenzweetleschten steet Poltawa elo nach just op der 4. Plaz am Championnat an huet 10 Punkte Retard op de Leader Dynamo Kiew.

Sonndeg

Am belsche Championnat leeft et weider excellent fir den Opsteiger Royale Union Saint-Gilloise. Um 13. Spilldag huet ee mat 2:0 zu Gent gewonnen. Domadder bleift een un der Spëtzt vun der Tabell, dat mat 2 Punkten Avance op Bruges. Den Anthony Moris stoung beim Opsteiger wéi gewinnt tëscht de Pottoen.

Klickt hei, fir op d’Resultater vum belsche Championnat ze kommen.

An der hollännescher Eredivisie gouf et fir Sparta Rotterdam géint Feyenoord doheem eng batter 0:1-Néierlag. An engem serréierte Match konnten d’Visiteuren de Rotterdamer Derby um Enn duerch e Gol an der Nospillzäit fir sech entscheeden, woumat d’Lokalekipp weider op enger Ofstigsplaz steet. De Mica Pinto huet de ganze Match duerchgespillt an de Laurent Jans war 90 Minutten op der Bänk.

An der 1. ukrainescher Liga konnt sech Lviv eng wichteg 1:0-Victoire géint Kowaliwka sécheren an domat 3 Punkte bei engem direkte Konkurrent ëm den Ofstig mathuelen. Den Enes Mahmutovic war wéinst enger Verletzung weiderhin net am Kader.

An Éisträich gouf et fir Austria Wien en 1:1-Remis beim WSG Tirol. Nodeems Tirol a Féierung gaange war, konnt d’Ekipp vum Marvin Martins, dee wéinst enger Blessur net dobäi war, ronn eng Véierelsstonn viru Schluss nach den Ausgläich markéieren a bleift domat op der 5. Plaz am Klassement.

An der Ligue 1 a Frankräich ass Rennes bei Troyes net iwwert een 2:2 erauskomm. Zwar waren d’Visiteuren no 9 Minutten a Féierung gaangen, an der Paus war et awer 2:1 fir d’Lokalekipp, déi opgrond vun enger Verletzung ouni de Gerson Rodrigues huet missen auskommen. Ronn 10 Minutte viru Schluss konnt Rennes dunn nach ausgläichen, woumat Troyes elo mat 13 Punkten aus 12 Matcher de 14. an der Tabell ass.

Op Zypern gouf et fir Achnas géint den Tabelleleader Larnaca eng 0:1-Defaite. Achnas steet mat 2 Punkten aus 8 Matcher domat weiderhin op der leschter Plaz. Den Tim Hall stoung net am Kader.

Am moldawesche Championnat huet Sheriff Tiraspol mam Sébastien Thill 2:0 auswäerts géint Petrocub gewonnen. De Lëtzebuerger huet hei an der 32. Spillminutt de wichtegen 1:0 fir seng Ekipp markéiert. Sheriff Tiraspol läit duerch dës Victoire op der 3. Plaz mat 3 Punkte Réckstand op d’Tabellespëtzt, allerdéngs huet d’Ekipp vum Sébastien Thill och 3 Matcher manner absolvéiert.

A Griicheland huet Kreta mam Vahid Selimovic 0:0 géint Panathinaikos gespillt. De Lëtzebuerger war am Kader, hien ass awer 90 Minutte laang op der Bänk bliwwen. Kreta steet domat mat 8 Punkten aus 9 Matcher op der 7. Plaz an der Tabell.

Samschdeg

An der 2. Divisioun an England ass den Danel Sinani mat Huddersfield op Millwall getraff. Duerch e Gol vum Hogg an der 82. Minutt ka sech Huddersfield mat 1:0 duerchsetzen. Den Danel Sinani stoung an der éischter 11 a gouf an der 74. ausgewiesselt. An der Tabell steet Huddersfield mat 24 Punkten op der 5. Plaz.

An der MLS an den USA kruten et de Maxime Chanot an New York City mam Veräin vum David Beckham, Inter Miami, ze dinn a kënne sech mat 3:1 duerchsetzen. De Maxime Chanot stoung de ganze Match iwwer um Terrain. An der Tabell vun der Eastern Conference steet New York op der 3. Plaz.

An der Bundesliga séchert sech Mainz 3 Punkten an dat mat enger 2:1-Victoire zu Bielefeld. De Leandro Barreiro gouf an der 77. Minutt agewiesselt an huet domadder gehollef den 2:1 iwwert d’Zäit ze bréngen.

An der 2. Bundesliga huet sech Erzgebirge Aue an den Dirk Carlson missen mat engem 1:1 zu Hannover zefridde ginn. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung de ganze Match als Lénksverdeedeger um Terrain an huet an der 11. Minutt eng giel Kaart gesinn. An der Tabell steet Aue domadder weiderhin op der 17. an domadder op der zweetleschter Plaz. Den Tim Kips souz op der Bänk mee koum net zum Asaz.

An der 1. Schwäizer Liga verléieren d’Young Boys Bern hiren 2. Match vun dëser Saison an dat mat 1:3 géint St. Gallen. De Christopher Martins gouf an der Paus ausgewiesselt. Mat 21 Punkten steet Bern op der 2. Plaz an huet 4 Punkte Réckstand op Basel.

An der 3. Liga an Däitschland konnt sech Waldhof Mannheim mat 1:0 géint Saarbrécken duerchsetzen an dat duerch e Gol vum Boyamba an der 62. Minutt. Bei Saarbrécken stoung de Maurice Deville net am Kader. An der Tabell steet Saarbrécken mat 21 Punkten op der 6. Plaz.

Back to Top
CIM LOGO