Aiman Dardari kritt neien TrainerSandro Wagner net méi Trainer vum FC Augsburg, Manuel Baum iwwerhëlt

RTL Lëtzebuerg
Wéi de Veräin e Méindeg de Mëtteg mellt, kritt de Lëtzebuerger Futtballnationalspiller Aiman Dardari en neien Trainer.
© AFP

Den FC Augsburg an de Sandro Wagner gi vun elo u getrennte Weeër. De fréiere Co-Trainer vum däitschen Nationaltrainer Julian Nagelsmann hat de Veräin aus der éischter däitscher Bundesliga am Summer iwwerholl.

Bis d’Wanterpaus iwwerhëlt elo de Manuel Baum, dee scho vun 2016 bis 2019 Trainer vun Augsburg war.

No 12 Spilldeeg steet Augsburg mat 10 Punkten op der 14. Plaz an der Tabell an huet nëmmen 2 Punkten Avance op d’Barrageplaz.

Den Aiman Dardari huet ënnert dem Sandro Wagner als Trainer zesummegerechent 18 Minutten an zwee Matcher ze spille kritt.

Back to Top
CIM LOGO