
Zitt den SC Paderborn d‘Kafoptioun beim Laurent Jans? Dat kéint RTL-Informatiounen no op jiddwerfalls gutt sinn. Déi Däitsch Futtballzeitung Kicker hat och schonn en Artikel an deem Sënn.
De Kapitän vun der Lëtzebuerger Futtballnationalekipp ass jo dës Saison just vum FC Metz bei de Veräin aus der éischter Däitscher Bundesliga ausgeléint. Zu Metz ass och ze héieren, datt ee bei der Ekipp aus der Lorraine dovunner ausgeet, datt een de Jans am Summer muss verkafen, well Paderborn d‘Kafoptioun ebe géif zéien.