Internationale FuttballSchalke léisst sech vum Favoritteschreck Union Berlin net iwwerraschen

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend huet d'Ekipp vum David Wagner sech mat 2:1 géint den Opsteiger Union Berlin duerchgesat.
© AFP

Bundesliga

FC Schalke 04 - 1. FC Union Berlin 2:1
1:0 Raman (23'), 1:1 Ingvartsen (36'), 2:1 Serdar (86')

Mat engem spéide Gol vum Serdar huet Schalke dem Favoritteschreck Union Berlin den Zant gezunn a sech op enger Europa-League-Plaz festgesat. Déi Kinneksblo hu sech mat vill Méi géint den Opsteiger mat 2:1 duerchgesat. Si hunn awer de Sprong un d’Tabellespëtzt verpasst. Eng Victoire mat 4 Goler ënnerscheet wär néideg gewiescht, fir fir d’éischte Kéier zanter Abrëll 2010 déi éischt Plaz an der Tabell ze iwwerhuelen, dat op d’mannst fir eng Nuecht.

Schalke huet gutt 20 Minutte gebraucht fir géint deen onbequeme Géigner an de Match ze kommen. Déi éischt Chance huet dunn awer de Raman direkt genotzt. An der 23. Minutt huet hie mat engem schéine Schoss an de Wénkel d’Lokalekipp mat 1:0 a Féierung bruecht. An der 36. Minutt hunn dunn d’Gäscht een ëmstriddenen Eelefmeter genotzt fir op 1:1 auszegläichen. Den Andrich war no engem Zweekampf mam Nastic op de Buedem gaangen. Den Arbitter Schlager huet d’Situatioun net nach eng Kéier per Videobeweis nokontrolléiert an direkt op de Punkt gewisen. Den Ingvartsen huet sech der Saach ugeholl a verwandelt.

No der Paus huet Schalke den Tempo erhéicht an déi Berliner ëmmer méi ënner Drock gesat. Wierklech geféierlech gouf et fir den Union-Kipper Gikiewicz awer nëmme seelen. Bei engem placéierte Schoss vum Serdar an de laangen Eck huet hien dunn awer an der 86. Minutt missen hannert sech gräifen. Den 2:1 vum Schalker sollt dann och d’Schlussresultat sinn.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Ligue 1

Olympique Marseille - Stade Brest 2:1
1:0 Sarr (56'), 1:1 Cardona (88'), 2:1 Radonjic (89')

LINK Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Back to Top
CIM LOGO