
Virum leschte Sprange loung den Halvor Egner Granerud op Plaz 1, dat mat 877,8 Punkten op sengem Konto. Domat war hie klore Favorit op d’Schlussvictoire. Hannendru koum den Dawid Kubacki aus Polen, mat 23,3 Punkte Réckstand. Nodeems den Anze Lanusek no engem schwaachen Optrëtt zu Oberstdorf scho 54,3 Punkte Réckstand hat, hat dëse just nach theoretesch Chancen.
Nom 1. Duerchgang zu Bischofshofen war et de Granerud, dee seng Avance op de Kubacki ausbaue konnt. De Kubacki ass 135,5 Meter wäit gesprongen a konnt sech 152,2 Punkte sécheren, iwwerdeem de Granerud op 139,5 Meter komm ass an dofir 157,10 Punkte kritt huet.

Am 2. Duerchgang konnt de Granerud senger Favoritteroll gerecht ginn, an e spréngt och do nees op Plaz 1, virum Anze Lanisek an dem Dawid Kubacki. Domat baut hie seng Féierung am Gesamtklassement aus a séchert sech um Enn souverän d’Schlussvictoire. De Vainqueur huet um Enn dräi vu véier Sprange gewonnen.
| 1 | Halvor Egner Granerud | 877.80 |
| 2 | Dawid Kubacki | 854.50 |
| 3 | Anze Lanisek | 823.50 |
| 4 | Piotr Żyła | 807.50 |
| 5 | Kamil Stoch | 798.00 |
| 6 | Stefan Kraft | 796.50 |
| 7 | Daniel Tschofenig | 788.50 |
| 8 | Andreas Wellinger | 776.40 |
| 9 | Michael Hayböck | 771.00 |
| 10 | Lovro Kos | 769.60 |
Et ass déi éischte Kéier zanter 16 Joer, dass nees en Norweger d’Gesamtvictoire an der Véierschanzentournée feiere konnt.