
Déi dänesch Legend Michael Laudrup an de Golkipp vun der dänescher Nationalekipp Kasper Schmeichel hunn nom Drama ëm de kollabéierten Nationalspiller Christian Eriksen d’Uefa-Virgoensweis schaarf kritiséiert. Den europäesche Futtballverband hat der dänescher an der finnescher Ekipp nom Virfall ugebueden, fir de Match e Samschdeg den Owend oder e Sonndeg um 12 Auer fäerdeg ze spillen.
D’Spiller goufen “virun eng Wal gestallt, déi keng wierklech Wal ass”, sou de Michael Laudrup, “wann esou Saache passéieren, ass ee sengen Emotiounen ausgeliwwert an huet net den Iwwerbléck, fir wichteg Decisiounen ze treffen.”
De Laudrup huet doriwwer eraus betount, datt d’Uefa Verantwortung hätt missen iwwerhuelen. “Et muss ee ginn, dee seet, mir halen op”, et wär falsch, “sou kuerz no engem emotionalen Ereegnes eng Entscheedung treffen ze mussen.”
Den dänesche Golkipp Kasper Schmeichel huet an engem Interview mat der “BBC” d’Optioune vun der Uefa als “lächerlech” bezeechent. “Hien hätt dat “net verstanen”, sou de 34 Joer ale Futtballer, dee beim Malaise vum Eriksen um Terrain stoung an duerno och de Match mat op en Enn gespillt huet.
Uefa verweist op Reegelwierk
Als Reaktioun op d’Kritik un der Fortsetzung vun der Partie huet d’Uefa op den Artikel 29 vum Reegelwierk verwisen. Doranner geet et allerdéngs ëm d’Prozedur bei enger Neiusetzung, Ausnamesituatioune wéi e Samschdeg zu Kopenhagen ginn net thematiséiert.
“Wann e Spill net ufänken oder op en Enn gespillt ka ginn, gëtt de komplette Match oder de Rescht vun der Spillzäit no de Reegelen den nächsten Dag gespillt”, heescht et an der Reegel 29.
Béid Ekippen haten dunn e Samschdeg den Owend decidéiert, fir den Dag selwer d’Partie op en Enn ze spillen. Finnland hat um Enn mat 1:0 gewonnen.
