
Wéi et vum dänesche Futtballverband heescht, wier säin Zoustand “stabil”. Hie gëtt den Ament nach am Spidol behandelt. E soll donieft e Sonndeg de Moie seng Teamkolleege gegréisst hunn, sou den DBU.
E Sonndeg am Nomëtteg huet den Dokter vun der dänescher Nationalekipp Morten Boesen op enger Pressekonferenz liicht Entwarnung ginn. “Ech hunn haut (Sonndeg) e puer Mol mam Christian geschwat. Hien ass stabil an et geet him den Ëmstänn entspriechend gutt”, sou de Boesen. “Déi bis ewell Resultater sinn an der Rei”, sou den Dokter weider.
Dem Dokter vun der dänescher Nationalekipp no wier den Eriksen nëmme knapp dem Doud entgaangen. “Hie war scho fort. Et war een Häerzstëllstand”, sou de Morten Boesen mam Verweis op Häerzspezialisten. “Mir hunn hie mat Hëllef vun engem Defibrillator zeréckkritt. An dat relativ séier”, sou nach de Boesen op der Pressekonferenz.
Den Dokter vun der dänescher Nationalekipp Morten Boesen huet sech zu de liewensrettende Moossnamen nom Zesummebroch vum Christian Eriksen geäussert.
“Hie louch op der Säit, huet geotemt an hat och e Bols”, sou huet den Dokter vun der dänescher Futtball-Nationalekipp Morten Boesen op der Pressekonferenz nom Match e Samschdeg den Owend d’Situatioun direkt nom Zesummebroch vum Christian Eriksen an der Partie tëscht Dänemark a Finnland beschriwwen. “Mä plëtzlech huet sech dat geännert a mir hu mat enger Häerzdrockmassage ugefaangen. Mir hunn et gepackt, fir hien zeréckzehuelen.”

Den Eriksen war kuerz virun der Paus kollabéiert, dat medezinescht Personal huet säi Liewe gerett. D’Rettungsekippen, déi am Stadion waren, si séier komm a mat hirer Hëllef hu mir gemaach, mat mir maache missten.” D’Handele wär séier a koordinéiert gewiescht.
De Boesen hat d’Zeen, an där den Eriksen op de Buedem gesackt war, “selwer net gesinn”, wéi hien op der Pressekonferenz sot. “Ma hie war ganz offensichtlech bewosstloost.”
De Spiller vun Inter Mailand war nom Tëschefall an d’Kopenhagener Klinik Rigshospitalen transportéiert ginn. Den dänesche Futtballverband hat e Samschdeg den Owend iwwert déi sozial Medien matgedeelt, datt den 29 Joer ale Futtballer “waakreg” wär a säin Zoustand “okay” wär. Fir weider Ënnersichungen ass den Dän weider an der Klinick. Déi dänesch Nationalekipp hat e Samschdeg den Owend och nach Kontakt mam Eriksen an huet mat him geschwat, ier d’Partie tëscht Dänemark a Finnland bei der EM nees ugepaff gi war. Dës hat Dänemark um Enn mat 0:1 verluer.
