
Am finnesche Kontiolahti waren d’Hären e Sonndeg de Moien op engem Circuit iwwer 12,5 Kilometer an der Poursuite gefuerdert. De Sebastian Samuelsson aus Schweden konnt sech mat enger Zäit vun 32:26,7 Minutten a just engem Schoss-Feeler um Enn duerchsetzen a sech domat seng éischt Weltcup-Victoire sécheren. Mat engem Retard vu 15,8 Sekonnen ass de Fransous Fabien Claude op déi zweet Plaz gefuer an de Podium huet de Johannes Thingnes Bö aus Norwegen komplettéiert.
De Johannes Thingnes Bö ass am General weiderhin de Leader, dat mat engem Virsprong vu 35 Punkten op de Samuel Samuelsson. Op der drëtter Plaz steet de Jakov Fak aus Slowenien.
Bei den Dammen stoung méi spéit dann nach d’Staffel iwwer 4x6 Kilometer um Programm. Mat engem knappe Virsprong vun 9,6 Sekonnen op Frankräich waren et um Enn d’Schwedinnen, déi sech zu Kontiolahti duerchsetze konnten. Op déi drëtt Plaz ass d’Ekipp aus Däitschland mat engem Retard vun 43,9 Sekonne gefuer.