
An esou wéi et ausgesäit bleift se bis den 31. Juli wéinst dem Coronavirus zou. Och wann d’Jugend-Kaderspiller vun der FLF net physesch zu Monnerech present sinn, esou gëtt et awer en Trainingsprogramm fir déi jonk Rout Léiwen.
Iwwer déi nei Medien ass nämlech och weiderhin e gewëssenen Training méiglech, och fir d’Jugendfuttballnationalspiller, esou de Manu Cardoni, Trainer vun der FLF-Futtballschoul.
“Am Ufank war et eng Inconnu, e bësse Virwëtz. Mir hunn de Jongen dann och relativ séier Trainingsprogrammen ginn. Alles leeft iwwer Videoen, Videokonferenzen, mir hunn och Kontakt iwwer Internet, Whatsapp, Handy a sou weider. Lo no engem Mount huet et awer e bësse bei de Jongen ofgeholl.” Am Normalfall hunn d’Jugendnationalekippe vun der FLF quasi all Woch en Testmatch géint eng auslännesch Ekipp. D’Matchpraxis geet natierlech elo an dëser Zäit verluer.
“Souguer wann s du dech e Joer topp preparéiers an trainéiers, ersetzt dat net d’Matcherfarung. Kompenséiert kriss de dat ni. Et ass do, wou ee gesäit, wat feelt, wou ee steet. Mä och do si mer net eleng. Och déi grouss Profie musse quasi eleng doheem trainéieren.”
Déi lescht Méint vun enger Saison ginn an der FLF-Futtballschoul och ëmmer genotzt, fir ze kucken, wien dat Joer drop nach am Kader ass, respektiv sinn d’Detektioune fir déi Kleng, fir iwwerhaapt emol an d’U-11 ze kommen. Dat ass natierlech dëst Kéier e bëssen anescht.
“Do muss ee sech dann Zäit huelen, déi et brauch a fir mech ass et dann och ëmmer en faveur vum Spiller. Bei der Detektioun musse mer kucken, wéi mer dat maachen. Wann d’Uefa et fäerdegbréngt ëm 1 Joer ze verréckelen, da kann dat Ganzt och eng Kéier 2-3 Méint no hanne gesat ginn.”
Wéini et zu Monnerech nees lass wäert goen, ass schwéier ze soen, esou de Manu Cardoni. Sécher schéngt awer ze sinn, datt et virum 31. Juli net méi de Fall ass.
