Lëtzebuerger Futtballer am AuslandSebastien Thill a Christopher Martins mat Remis an der Champions-League-Quali

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend ware mam Christopher Martins a Sebastien Thill direkt zwee Lëtzebuerger an der Champions-League-Qualifikatioun am Asaz.
© Val Wagner (Archiv)

De Christopher Martins an d’Young Boys Bern kënne sech iwwer e gléckleche Remis a Rumänien freeën. Um Enn trenne sech de Schwäizer Champion an de CFR Cluj nämlech mat 1:1, ma d’Schwäizer hunn den Ausgläich eréischt an der 93. Minutt geschoss. De Lëtzebuerger Nationalspiller gouf an der 84. Minutt ausgewiesselt.

Och Sheriff Tiraspol mam Sebastien Thill ass net iwwer en 1:1 géint de Roude Stär Belgrad erauskomm. De Lëtzebuerger Nationalspiller huet duerchgespillt.

Back to Top
CIM LOGO