D’Futtball Nationalekipp spillt den nächste Mëttwoch een Testmatch géint Éisträich. Duerno stinn dann zwee Matcher an der Nations League um Programm. En Donneschdeg huet den Nationaltrainer Luc Holtz de Kader fir déi 3 Rendezvouse bekannt ginn.
Eng grouss Iwwerraschung ass net dobäi. Ofgesinn dovunner, dass de Sébastien Thill nees zeréck an deem Kader ass. Dat huet domadder ze dinn, dass hien an de Profiberäich op Tambow a Russland gewiesselt ass. Bei sengem neie Veräin ass hien de leschte Weekend bei der 1:2-Néierlag géint Dynamo Moskau zum Asaz komm. Fir de Luc Holtz ass et gutt, dass hien Spillrhythmus huet.
“Notamment de Spillrhythmus, dass hien do dran ass. Wat ee jo net ka vun de Spiller aus der BGl Ligue soen. Déi duerch d’Situatioun elo nach manner Rhythmus an de Been hunn. Elo muss ee kucken, wéi déi sech um Training presentéieren.”
Natierlech ass Corona och een Thema an der Ekipp vum Luc Holtz. Den Nationaltrainer ass sech bewosst, dass et keng einfach Situatioun ass.
“Ech hunn X Messagen erausgeschéckt. Ech hunn och mam Gerson Rodrigues telefonéiert. Dat eenzegt wat ee ka soen: Haalt Distanz, dot är Mask hunn, passt op, dass dir iech net ustiecht. Déi Messagen hu mir an de leschte Wochen elo ëmmer nees widderholl. D’Spiller ginn elo nach alleguerten haut oder muer getest an hire Veräiner oder do, wou si sinn. Mir testen dann e Sonndeg, e Méindeg an en Dënschdeg. Dat heescht, d’Spiller gi permanent getest. Wann eng Kéier ee sollt positiv sinn, dass mir hien direkt eraushuelen, dass mir net herno musse 5 oder 6 Spiller eraushuelen. Méi kënne mir net maachen. A fir de Rescht muss eiser Här eis hëllefen.”
Nom Testmatch géint Éisträich an enger knapper Woch spillen d’Rout Léiwen e Samschdeg an 8 Deeg an der Nations League op Zypern an dann dënschdes de 17. November am Josy Barthel géint Aserbaidschan.
