Western ReidenSechs Meedercher aus Lëtzebuerg si beim Youth World Cup an Texas dobäi

RTL Lëtzebuerg
Fir erauszefannen, wat Western Reiden iwwerhaapt ass, ware mir eis en Training ukucken.
Haarden Training beim Western Reiden
Sechs jonk Lëtzebuergerinnen dierfen dëst Joer beim Youth World Cup an Texas deelhuelen.

Western Reiden ass haut eng unerkannten Disziplin am Päerdsport. Reider a Päerd mussen eng Rei Techniken beherrschen, déi op der deeglecher Aarbecht vun de Cowyboys baséieren. Am Juli dëst Joer huele sechs Meedercher ënner 19 Joer um Youth World Cup an Texas als Team Lëtzebuerg deel.

Beim Wuert Western kommen engem spontan Biller vu Cowboy an de Kapp. Country Musek, Hitt a Stiwwele gehéieren zur Westernromantik. Vu Romantik si mer beim Westernreiden zwar wäit ewech. Dat erënnert just un déi haart Aarbecht vun de Cowboys, déi de ganzen Dag am Suedel um Päerd verbruecht hunn. Do gëtt vill vu Reider a Päerd verlaangt. A genee sou ass et och bei der Sportaart Westernreiden. Haarden Training an Disziplin si virausgesat, fir acceptabel Leeschtung.

Virausgesat sinn och déi richteg Päerd, meeschtens vun der Rass Quarter Horse oder Paint Horse: relativ kleng awer muskuléis.

E puer jonk Lëtzebuerger Meedercher kréien d’Geleeënheet, am Texas um Youth World Cup deelzehuelen. Seng Päerd mathuele geet net, well dat kascht an et misst een d’Quarantaine ofwaarden. Duerfir kritt een an Texas Päerd zur Verfügung gestallt.

Back to Top
CIM LOGO