
De Serge Wolf gëtt Cheftrainer, den David Regis gëtt Co-Trainer an den Abdelijalil Kella gëtt Golkippstrainer. De 50 Joer ale Wolf huet d’Trainerlizenz A vun der Uefa.
De Veräin hat jo nom Out vum Arno Bonvini deen an den Centre de Formatioun op Diddeleng geet, misste reagéieren an hat kloer Virstellungen, wat deen neien Trainer un Viraussetzungen soll erfëllen.
De Vize-President Christian Strasser: “Dat ware generell Saachen wéi zum Beispill ee Schäin, deen e misst hunn, en sollt och de Futtball zu Lëtzebuerg kennen. E muss och wëllen a kënne mat jonke Spiller schaffen, déi opbauen an integréieren a weiderbréngen, u sech eng Ekipp opzebauen. Wat fir eis och ganz wichteg ass, ass datt en eis Valeure vum Veräin kann deelen. Mir mengen, datt de Serge Wolf deem alles entsprécht an dofir freeë mir eis op déi Zesummenaarbecht.”
De Serge Wolf war ënnert anerem schonns zu Hesper Trainer, zu Nidderkuer war hien als Co-Trainer aktiv.
Fir de Christian Strasser koum den Out vum Arno Bonvini awer net ganz onerwaart.
“Mir hunn eis reegelméisseg mam Arno ausgetosch an ech mengen, et war an de leschte Méint fir eis alleguer net sou einfach. Mir haten d’Championnat gutt ugefaangen, duerno ass et awer méi schwiereg virugaangen, mir hunn awer weider un den Arno gegleeft an ech hätt mir och ganz gutt kënne virstellen mat him weiderzeschaffen. Bei eisen Echangen ass awer dunn erauskomm, datt et vläicht un der Zäit wier fir eppes anescht ze maachen fir hien, mä awer och fir eis an dunn hu mir awer eng Decisioun geholl mat déier mir eis awer elo kënnen an Ae kucken. Hien huet och versprach sonndes nach eis Matcher kucken ze kommen.”
Beim Ofbroch vum Championnat louch Munneref op der 12. an domat drëttleschter Plaz an der Tabell.
Am RTL-Interview sot de Christian Strasser och nach, datt et senger Meenung no déi richteg Decisioun war, fir d’Saison fréizäiteg ofzebriechen.