FC BarcelonaSergi Barjuan iwwerhëlt als Interimstrainer

RTL Lëtzebuerg
Nodeems de Ronald Koeman virun d'Dier gesat ginn ass, betreit den Trainer vun der zweeter Ekipp provisoresch déi éischt Ekipp aus Katalounien.
© AFP (Archiv)

En Donneschdeg de Mëtteg huet Barcelona den Sergi Barjuan als neien Interimstrainer virgestallt. Wéi de Veräin an engem Schreiwes matgedeelt huet, iwwerhëlt de fréiere Barca-Spiller d’Ekipp, bis datt den neien Trainer feststeet.

Natierlech ginn et scho Spekulatiounen iwwert e méiglechen Nofollger. Aktuell gëtt de fréiere Barca-Profi Xavi Hernandez héich gehandelt. Dee schafft zanter 2019 als Trainer am Katar, dat bei Al-Sadd SC. Hien huet 17 Joer fir den FC Barcelona gespillt.

De Ronald Koeman war e Mëttwoch den Owend beim FC Barcelona entlooss ginn, dat no der 0:1-Defaite géint Rayo Vallecano. Eréischt viru puer Deeg gouf et am Clasico doheem eng 1:2-Defaite géint Real Madrid. Barcelona steet no 10 Spilldeeg an der La Liga just op der 9. Plaz an der Tabell an huet 6 Punkte Réckstand op den Tabelleleader Real Madrid.

Back to Top
CIM LOGO