
E Sonndeg den Owend war zu Köln déi éischt 1/2-Finall an der Europa League. Hei stounge sech Sevilla, de 5-fachen Europa-League-Gewënner, a Manchester United, den englesche Rekordchampion, géintiwwer.
No enger ëmkämpfter Partie konnt sech den FC Sevilla duerchsetzen a sech déi 1. Plaz fir d’Finall den nächste Freideg zu Köln sécheren.
E Méindeg den Owend gëtt de Géigner vu Sevilla an der Finall gesicht. Inter Mailand spillt géint Schachtar Donezk.
0:1 Fernandes (9'), 1:1 Suso (26'), 2:1 de Jong (78')
Mat breeder Broscht si béid Ekippen dës Partie ugaangen, vun Ufank u war Tempo am Match. Den éischte Gol ass fir de liichte Favorit vun der Insel op Eelefter hi gefall: de Fernandes huet vum Punkt aus sécher verwandelt.
Den 1:0 fir d’Red Devils huet fir en Opdriff beim Géigner gesuergt. Sevilla war elo besser am Match an huet ManU ëmmer méi ënner Drock gesat. Eng flott Ballkombinatioun vun hannen eraus, bei där d’Englänner an der Defense zimmlech nativ gewierkt hunn, huet de Suso mat engem dréchene Lénksschoss fir den 1:1-Ausgläich ofgeschloss.
United ass no der Paus gutt aus de Kabinne komm an huet d’Andalusier fréi an der 2. Hallschecht ënner Drock gesat. Martial, Pogba a Co. haten dann och eng Rei héichkaräteg Golgeleeënheeten, de Gol ass awer op der anerer Säit gefall. Den agewiesselten Hollänner de Jong huet den 2:1 markéiert.
Mat dëser Féierung fir Sevilla ass et an d’Schlussphas gaangen. D’Käpp bei de Red Devils gounge well a Richtung Buedem, d’Kierpersprooch huet och net méi gestëmmt. Esou blouf et beim Avantage fir d’Spuenier - d’Qualifikatioun fir d’Finall war perfekt.