
De Florik Shala wiesselt déi nächst Saison vum Racing op Nidderkuer. De Shala huet déi lescht Saison 8 Goler fir déi Stater geschoss.
Virun zwee Deeg ass jo och den Tom Laterza vun der Fola op Nidderkuer gewiesselt. Do virdru waren et d’Transferte vum Kenan Agovic (Käl-Téiteng), Issa Bah (RM Hamm Benfica), Yannick Cervellera (Eintracht Trier/D), Jonni Correia (Käl-Téiteng), Youn Czekanowicz, Tom Laterza (Fola), Gullit Ramos (F91), Christian Silaj (Titus Péiteng) an Aldin Skenderovic (Elversberg/D).