Olympesch Spiller - LiichtathletikShaunae Miller-Uibo séchert sech d'Goldmedail iwwer 400 Meter

RTL Lëtzebuerg
Iwwerdeems ass d'Allyson Felix duerch hir Bronzemedail elo d'Athletin mat de meeschte Medaile bei Olympia.
© RTL

An der Finall iwwer 400 Meter bei den Damme konnt d’Shaunae Miller-Uibo vun de Bahamas mat enger Zäit vun 48 Sekonnen a 36 Honnertstel als éischt iwwer d’Arrivée lafen, wat iwwerdeems och hir perséinlech Beschtleeschtung ass. Sëlwer geet un d’Marileidy Paulino aus der Dominikanescher Republik (49,20), d’US-Amerikanerin Allyson Felix ass mat 49 Sekonnen a 46 Honnertstel dat 3. ginn.

Am Joer 2016 hat d’Miller-Uibo bei de leschten Olympesche Spiller zu Rio de Janeiro am Alter vun 22 och scho Gold gewonnen.

Och d’Allyson Felix war do scho mat um Podium, deemools war et fir si awer nach déi 2. Plaz. D’Bronzemedail zu Tokio ass fir d’US-Amerikanerin awer déi 10. Olympesch Medail. Doduerch ass si elo déi Athletin mat de meeschte Medailen op Olympesche Spiller.

© AFP/Jewel SAMAD

Fir d’Bahamas ass et déi zweet Medail zu Tokio, déi éischt hat de Steven Gardiner en Donneschdeg och an der Course iwwer 400 Meter bei den Häre gewonnen.

© RTL

Back to Top
CIM LOGO