
FC Augsburg - Hertha BSC 4:0
1:0 Max (18'), 2:0 Cordova (26'), 3:0 Hahn (52'), 4:0 Niederlechner (80')
Bis déi 18. Minutt hunn d’Spectateuren net all ze vill gesi krut. Dunn ass et zu engem Fräistouss fir Augsburg koum. Aus grousser Distanz huet de Max vu der rietser Säit aus Moos geholl an de Ball an de Strofraum geschoss. Weder e Spiller vun Augsburg nach vu Berlin ass un de Ball komm, sou dass e lenks ënnen an de Filet gaangen ass. De Jarstein am Berliner Gol hat bei dëser Aktioun keng Chance ze reagéieren. An der 26. Minutt setzt dunn de Niederlechner de Jarstein ënner Drock, deen doropshin de Ball verléiert. De Ball ass dunn op de Cordova gaangen, deen den 2:0 fir Haushäre markéiere konnt. Duerch Videobeweis krut zu allem Iwwerfloss de Berliner Schlussmann och nach eng Rout Kaart. Mat engem 2:0 ass et an d’Paus gaangen.
Nom Téi huet Augsburg e weideren Gol dropgesat. Den Hahn huet mat engem flotten Schoss de Ball an de lénksen ënneschten Eck geschoss. 3:0 no 52 Minutten. An der 80. Minutt huet de Niederlechner mat engem perfektem Schoss de 4:0 geschoss, wat gläichzäiteg d’Schlussresultat sollt sinn.
TSG Hoffenheim - FSC Mainz 05 1:5
0:1 Öztunali (33'), 0:2 Kaderabek (52'), 0:3 Kunde (62'), 1:3 Kramaric (83'), 1:4 Boetius (90'), 1:5 Kunde (90 + 3')
Den Trainerwiessel bei Mainz schéngt sech bezuelt gemaach ze hunn. 5:1 kënne si zu Hoffenheim gewannen.
Virum Match war Hoffenheim de klore Favorit, ma Mainz war aggressiv am Match, an huet versicht et e besser ze maache wéi an de leschte Matcher. An der 33. Minutt huet den Öztunali den 1:0 fir d’Visiteure geschoss. An der Nospillzäit vun der 1. Hallschent huet de Mainzer Baku no Videobeweis déi Rout Kaart gewise kritt. Dëst war fir d’Gäscht, déi an der Paus verdéngt mat 1:0 a Féierung louchen e Réckschlag. Mat engem Mann manner um Terrain sinn déi Mainzer deemno an déi zweet Hallschent gaangen.
An der 52. Minutt war et den Hoffenheimer Kaderabek, dee mat engem Selbstgol op 2:0 fir Mainz erhéicht huet. Mainz huet Merci gesot a war weider gutt am Match, a sou war et de Kunde, deen an der 62. Minutt den 3. Gol fir Mainz geschoss huet. Hoffenheim huet just nach duerch de Kramaric an der 83. Minutt op 1:3 verkierze kënnen. De Boetius huet mam 4:1 an der 90. Minutt an de Kunde an der 3. Minutt vun der Nospillzäit fir d’Schlussresultat vu 5:1 fir Mainz gesuergt.
De Leonardo Barreiro souz 90 Minutte iwwer op der Bänk vum 1 FSV.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Sheffield United - Manchester United 3:3
1:0 Fleck (19'), 2:0 Mousset (52'), 2:1 Williams (72'), 2:2 Greenwood (77'), 2:3 Rashford (79'), 3:3 McBurnie
Sheffield United huet e Sonndeg fir eng Iwwerraschung gesuergt a Manchester United ee Punkt ofgeknäppt.
An der 19. Minutt huet de Fleck e Ofpraller vum De Gea an de Filet vun de Red Devils eragesat. 1:0 fir Sheffield. D’Lokalekipp huet eng ganz staark 1. Hallschent gespillt, an d’Féierung war verdéngt. Den Opsteiger huet no der Paus sech weiderhin net verstoppt, a sou war et de Mousset, deen an der 52. Minutt mat engem Schoss aus 18 Meter fir den 2:0 gesuergt huet. An der 72. Minutt huet de Williams säin 1. Premier League Gol a senger nach jonker Karriär geschoss, an op 1:2 fir ManU verkierzt. Bannent 7 Minutten hunn d’Gäscht et fäerdeg bruecht, 2 weider Goler duerch de Greenwood (77') an de Rashford (79') ze schéissen an de Match ëm 180 Grad ze dréinen. An der 3. Minutt vun der Nospillzäit huet de McBurnie zur Freed vun der Lokalekipp dach nach den 3:3-Ausgläich markéiert, wat och d’Schlussresultat sollt sinn.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
AS Rom - Brescia Calcio 3:0
1:0 Smalling (49'), 2:0 Mancini (57'), 3:0 Dzeko (66')
Den AS Roum huet dem Tabelleleschten Brescia Calcio keng Chance gelooss a kann sech verdéngt mat 3:0 behaapten.
Sassuolo Calcio - Lazio Rom 1:2
0:1 Immobile (34'), 1:1 Caputo (45'), 1:2 Caicedo (90+1')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Girondins Bordeaux - AS Monaco 2:1
0:1 Slimani (15'), 1:1 Pablo 1:1 (29'), 2:1 De Preville (69')
LINK Den Iwwerbléck vun der Ligue 1