Mëllerdall UltratrailShefi Xhaferaj a BoHakan Nielsson déi Séierst iwwer 111 km

RTL Lëtzebuerg
Ronn 700 Leefer a Leeferinne sinn e Freideg an e Samschdeg un den Depart iwwert déi verschidde Strecke vum Mëllerdall Ultratrail gaangen.
Trail am Mëllerdall
110 Kilometer, d’Hallschent vun der Distanz ass duerch Nuecht gaangen

Den Ultratrail iwwer 111 km mat enger neier Streck iwwer Beefort, Noumer a Bäerdref gouf bei den Damme vum Shefi Xhaferaj gewonnen. Si hat sech och d’lescht Joer d’Victoire geséchert. Bei den Hären huet de fréiere Profi BoHakan Nielsson gewonnen.

Beim Longtrail iwwer 75 Kilometer waren d’Anne Mebelder an de Pitt Schneider déi Séierst.

D’Victoire beim Trail iwwer 35 Kilometer war fir d’Sophie Rulkin an de Benjamin Clerget.
Déi nächst Editioun ass den 8. an 9. September 2023.

Link: Hei fannt Dir déi detailléiert Resultater

Back to Top
CIM LOGO