
Vun der Saison 2025/2026 un an dat fir véier Saisone wäert ee samschdegmëttes d’Konferenz nach just op DAZN kënne kucken. Dat mellt den SID (Sportsinformationsdienst). Dëst wier d’Resultat vum “Milliardepoker” ëm déi däitschsproocheg Medierechter vun der Däitscher Futtball Liga DFL.
Deemno iwwerdréit DAZN nieft der Konferenz och d’Matcher vum Sonndeg. Sky weist an Zukunft d’Eenzelpartië vum Freideg a Samschdeg. Bis ewell hat Sky d’Rechter och un der Konferenz.
E Méindeg war d’Neioplo vun de Medierechter gestart. De Restart war als Suitte vun enger Decisioun vum Schiidsgeriicht tëscht der DFL an dem Streamingdéngscht DAZN Enn September néideg ginn. Mëtt Abrëll hat d’DFL wéinst engem Sträit mat DAZN, wéi Sky nach bis Enn vun der lafender Saison de Besëtzer vun de Liverechter war, d’Auktioun ausgesat.
Konkret goung et dobäi am Pack “B” ëm d’Samschdegmatcher vu 15.30 Auer esou wéi Eenzelpartien um Freideg den Owend a vun der Relegatioun, am ganzen also 196 Matcher pro Saison. DAZN huet sech diskriminéiert gefillt, well seng Offer ofgeleent gouf, obwuel se “déi finanziell attraktiivst an iwwerzeegendst” gewiescht wier. D’Offer soll sech op 400 Milliounen Euro pro Saison, also 1,6 Milliarden Euro am ganze, belaf hunn. D’DFL hat awer d’Garantie vum Finanzement, déi DAZN ofginn hat, net ugeholl. Dowéinst sollt de Pack “B” u Sky goen, obwuel déi mat 320 Millioune pro Saison manner gebueden haten.
[comment]