
Op der Schi-Alpin-WM a Frankräich huet sech e Sonndeg bei den Hären den Henrik Kristoffersen den Titel am Slalom geséchert. Den Norweger stoung no zwee Duerchgäng mat engem Virsprong vun 0.20 Sekonnen op den AJ Ginnis aus Griicheland ganz uewen um Podium. Den Italiener Alex Vinatzer ass mat engem Retard vun 0.38 Sekonnen op déi drëtt Plaz komm.
Mat engem Retard vun 13.85 Sekonnen huet sech de Matthieu Osch um Enn op der 48. Plaz klasséiert.
Um leschten Dag vun der Biathlon-WM an Däitschland gouf et bei den Hären am Massestart iwwer 15 Kilometer eng Victoire fir de Sebastian Samuelsson. De Schwed konnt sech ouni Feeler a mat enger Zäit vu 36:42.80 Minutte viru sengem Landsmann Martin Ponsiluoma d’Goldmedail sécheren. Dee koum 9.60 Sekonnen drop mat zwee Feel-Schëss op der Arrivée un. Déi drëtt Plaz war mat engem Retard vun 38.80 Sekonnen an dräi Feeler fir de Johannes Thingnes Bö aus Norwegen.
Bei den Dammen huet sech am Massestart iwwer 12.5 Kilometer d’Hanna Öberg aus Schweden d’Goldmedail geholl. Trotz zwee Feeler koum si mat engem Virsprong vu 4.80 Sekonne virun der Norwegerin Ingrid Landmark Tandrevold op d’Arrivée, dat sech just ee Feeler geleescht hat. Déi drëtt Plaz um Podium ass um Enn fir d’Julia Simon aus Frankräich, dat mat dräi Feeler an engem Retard vun 20.80 Sekonnen.