Olympesch WanterspillerSlowenien wënnt Gold beim "Mixed"-Schisprangen

RTL Lëtzebuerg
Op déi zweet Plaz koum d'ROC-Team an déi lescht Podiumsplaz huet sech Kanada geséchert.
© SID/Christof STACHE

Bei der Première vum “Mixed"-Ekippe-Schisprangen op der normaler Schanz huet sech e Méindeg de Mëtteg Slowenien duerchgesat. Schonn an der Hallschent huet d’Ekipp souverän d’Féierung iwwerholl gehat. Schlussendlech konnte sech d’Slowene mat 1001,50 Punkte behaapten. Sëlwer gouf et fir de Quartett vum Russeschen Olympesche Kommitee (ROC) an un d’Kanadier goung d’Bronzemedail.

De Weltmeeschter Däitschland ass no der Disqualifikatioun vum Katharina Althaus schonn am éischten Duerchgang erausgeflunn. De Kostüm vum der Sportlerin soll net de Reegelen entsprach hunn. Déi däitsch Schisprénger hunn et op déi 9. Plaz gepackt. Keng Chance haten iwwerdeems och Norwegen, Éisträich a Japan no enger Disqualifikatioun.

Back to Top
CIM LOGO