Usain "Witz"-Bolt"Social Distancing" mol anescht

RTL Lëtzebuerg
De Sprinter aus Jamaika huet an engem Tweet op witzeg Manéier dorop opmierksam gemaach, a Corona-Zäiten ee Sécherheetsofstand anzehalen.

D’Foto schwätzt wuel fir sech. Nach ëmmer gëllt dem Usain Bolt seng Zäit iwwer 100-Meter-Sprint aus dem Joer 2009 mat 9,58 Sekonnen als Weltrekord.

Och op den 200-Meter-Sprint konnt nach keen dem Jamaikaner seng Zäit vun 19,19 Sekonnen och vun 2009 bei der Liichtathletik-Weltmeeschterschaft zu Berlin net knacken.

Back to Top
CIM LOGO