
Den Norweger Aleksander Aamodt Kilde gewënnt Descente bei den Hären zu Gröden an Italien virum Iwwerraschungszweete Ryan Cochran-Siegle. Den US-Amerikaner hat am Zil e Réckstand vun 0,22 Sekonnen op de Kilde. De villäicht beschten Descendeur am Feld, de Schwäizer Beat Feuz, fiert mat 0,54 Sekonne Réckstand op déi 3. Plaz.
Bei den Damme stoung iwwerdeems zu Val d’Isère a Frankräich Descente um Programm. An de franséischen Alpen huet d’Italienerin Sofia Goggia 1 Minutt a 44 Sekonne gebraucht a gewënnt domat 0,24 Sekonne virum Corinne Suter aus der Schwäiz. D’US-Amerikanerin Breezy Johnson kënnt mat engem Retard vun 0,27 Sekonnen op déi 3. Plaz a bestätegt domat hier iwwerraschend gutt Form.
D’Course gouf des Kéier awer ouni grousser Problemer duerchgefouert. Nach um Freideg sinn am ganze 5 Athletinne gefall, ënnert anerem huet sech Nicole Schmidhofer e Kräizbandrass zougezunn.