Schi AlpinSofia Goggia wënnt Descente zu St. Moritz

RTL Lëtzebuerg
D'Italienerin, déi sech eréischt um Freideg d'Hand gebrach hat an nach daagsiwwer operéiert gouf, konnt sech e Samschdeg d'Victoire sécheren.
© AFP

Déi zweete Plaz war fir d’Ilka Štuhec, de Podium gouf komplettéiert vum Kira Weidle. Fir d’Sofia Goggia war et déi drëtt Victoire bei der véierter Descente dës Saison, iwwerdeems d’Slowenin Ilka Štuhec no enger laanger Paus nees zeréck un der Weltspëtzt ass. Fir d’Kira Weidle war et den éischte Podium dëse Wanter.

Back to Top
CIM LOGO