BiathlonSouverän Victoire an der Poursuite fir d'Elvira Öberg

RTL Lëtzebuerg
D'Schwedin, déi schonns de Sprint zu Pokljuka gewanne konnt, huet sech och an der Poursuite déi 1. Plaz geséchert.
© AFP (Archiv)

D’Öberg konnt virun allem dovunner profitéieren, datt si um Schéissstand keen eenzege Feeler gemaach huet. D’Schwedin huet am Lafen hir Avance ëmmer nees geréiert a konnt um Enn d’Poursuite virun der Italienerin Dorothea Wierer gewannen. D’Italienerin hat e Retard vu 17,6 Sekonnen, dat bei engem Schéissfeeler. Déi drëtte Plaz war fir d’Julia Simon aus Frankräich op 22,4 Sekonnen. Fir d’Elvira Öberg war et déi 6. Victoire am Weltcup.

Bei den Hären huet de Favorit Johannes Thingnes Bø sech trotz zwee Schéissfeeler d’Victoire zu Pokljuka net huele gelooss. An enger Start-Zil-Victoire an der Poursuite iwwer 12,5 Kilometer hat den Norweger um Enn mat enger Zäit vun 31:43.20 Minutten eng Avance vu méi wéi enger Minutt op de Quentin Fillon Maillet. Den Norweger Tarjei Bø ass knapps 2 Sekonnen nom Fransous ukomm a komplettéiert domat de Podium. Fir den aktuelle Leader Bø ass et schonn déi 59. Weltcup-Victoire.

Back to Top
CIM LOGO