
Et ass dee Match vum Weekend a warscheinlech ee vun deene wichtegste vun der ganzer Saison. 2 Punkten trenne béid Ekippen an der Tabell. Souwuel den F91 wéi och de Swift sinn dës Saison nach ongeschloen, mam Ënnerscheed, datt Diddeleng bis e well nach all Match gewonnen an Hesper nëmme beim 3:3-Remis géint Péiteng Plomme gelooss huet. Op der Säit vun den Diddelenger ass een natierlech zouversiichtlech, datt dës Serie u Victoirë weider bestoe bleift.
D’Preparatioun op dës Partie bleift änlech wéi bei all anerem Match och, dozou den Nationalgolkipp Lucas Fox: “Bis elo huet nach net ganz vill par Rapport zu anere Matcher geännert. Mee normalerweis passt den Trainer den Training haut a muer un. No 10 Victoire si mir natierlech zouversiichtlech. Ech mengen an deenen 10 Matcher hu mir gewisen, datt mir ganz vill Qualitéiten hunn an dat wëlle mir géint Hesper bestätegen.”
Gläichzäiteg ass et och den Duell tëschent der beschter Offensiv an der beschter Defense. Nëmmen 8 Mol huet den 22 Joer jonke Golkipp vun Diddeleng missen hannert sech gräifen. Fir hien ee grousse Surplus am Kampf ëm de Championstitel: “Fir mech ass et ganz wichteg, well d’Goldifferenz kann zum Schluss entscheedend sinn. Wann een an engem kee Gol geschoss krit, dann huet ee wéinstens ee Punkt. Dat hu mir déi lescht 10 Matcher gutt gemaach, well eis Stiermer och méi Goler geschoss hunn, wéi mir Goler geschoss krit hunn. Doduerch wënnt een och Matcher.”
Als Erausfuerderer an Tabellenzweeten ass de Swift Hesper natierlech gefuerdert zu Diddeleng ee gutt Resultat ze maachen. Den Nationalspiller Maurice Deville kennt sou wichteg Matcher duerch seng Zäit am Ausland: “Jiddweree weess natierlech ëm wat et geet an all Spiller gëtt nach puer Prozent méi um Training an ass nach e bësse méi fokusséiert. Dat ass ganz normal bei sou Matcher, dat kënnen ech och aus menger Vergaangenheet. Egal ob ech mat Mannheim géint Kaiserslautern gespillt hunn oder soss een Derby virun der Dier stoung. Dann ass ëmmer eppes Extraes an der Loft. Mir freeën eis einfach op de Match an da wäerte mir gesinn, wat dobäi rauskënnt. Mir wëllen natierlech déi 3 Punkten huelen an Éischte ginn.”
Zanter sengem Comeback zu Hesper stoung hie bis e well 5 Mol um Terrain, dat awer nach ouni Gol. Fir den 61-fachen Nationalspiller steet de Kollektiv awer am Virdergrond: “Ech si schonn ëmmer ee Spiller a menger Karriär gewiescht, dee lo net extrem op sech selwer gekuckt huet, och wat Goler schéissen ugeet. Mir ass dat perséinlech egal, Haaptsaach meng Ekipp gewënnt de Match. Wou ech gespillt hunn, hu mir all Match gewonnen. Dat freet mech extrem, datt mir all d’Punkten huelen. De Rescht war fir mech schonn ëmmer nëmme Bonus. Natierlech wëll ech awer och Goler schéissen, dat ass guer keng Fro. Wann ech mäin éischte Gol e Sonndeg kéint schéissen, da géif ech mech ëm sou méi freeën der Ekipp hëllefen ze kënnen.”
E Sonndeg ëm 18 Auer decidéiert sech dann, wien an ob ee vu béiden Ekippen sech am Kampf ëm Meeschterkroun liicht kann ofsetzen.
Dëse Match kënnt dir natierlech och an der RTL Live Arena mat Live-Commentaire vum Serge Olmo suivéieren.