Michel Knepper am InterviewSpiller vun de klenge Länner als Sprongbriet fir jonk Athleten

RTL Lëtzebuerg
165 Sportlerinnen a Sportler aus Lëtzebuerg sinn dës Woch zu Andorra.
Journal des jeux: Vill Medailen an de COSL-President am Interview
Um 2. Dag gouf et Goldmedailen am am Schwammen, Karate, Basket 3x3 an Dëschtennis. An de Michel Knepper war um Plateau.

Fir de Michel Knepper, President vum COSL, geet et dobäi net just ëm d’Medailen, mee virun allem ëm d’Erfarung déi jonk Athlete sammele kënnen.

“Mir sinn natierlech frou iwwerall Medailen, déi mer kënnen hei gewannen. Ech hunn awer och um Depart scho gesot zu Lëtzebuerg, d’Medailen ass elo net d’absolut Prioritéit”, erkläert de Michel Knepper.

D’Haaptzil wier et, déi jonk Athleten un en héijen Niveau erunzeféieren an hinnen d’Méiglechkeet ze ginn, sech mat staarker internationaler Konkurrenz ze moossen.

“Fir an eng weider Etapp ze kommen, fir op eng Europameeschterschaft, Weltmeeschterschaft, eventuell herno op Olympesch Spiller kënnen ze goen.”

Gutt Ambiance an der Delegatioun

Den Teamgeescht steet dobäi am Mëttelpunkt: “Mir hunn eng flott Ambiance an der ganzer Ekipp, wierklech dat Team Lëtzebuerg, deen Esprit gëtt hei gelieft” an dat géif och hëllefen, de jonken Athleten Zesummenhalt a Motivatioun mat op de Wee ze ginn.

Fir d’Mannschaftssportaarten hunn d’Spiller vun de klenge Länner eng besonnesch Bedeitung. Fir d’ Ekippesportaarte wier et eng Saach vun Onméiglechkeet, fir kënnen un Olympesche Spiller deelzehuelen.

Grad dofir wieren dës Spiller eng wichteg Motivatiounsquell an Trainingsplattform fir déi Athleten. D’Spiller, déi all zwee Joer stattfannen, ginn domat och eng reegelméisseg Chance, fir op héijem Niveau unzetrieden.

Spiller 2029 zu Lëtzebuerg

No Monaco 2027 wäert Lëtzebuerg am Joer 2029 nees d’Spiller organiséieren. De COSL bereet sech schonn intensiv vir.

Nieft der Logistik, vum Transport bis zum Hebergement, wëll de COSL och déi lëtzebuergesch Gesellschaft mat an d’Organisatioun abannen.

“Mir wëlle gären d’ganz Gesellschaft mathuelen.” Dobäi soll net nëmme Sport, mee och Educatioun, Gesondheet a Famill integréiert ginn.

Een Zil ass et, d’Spiller ausserhalb vun der Schoulvakanz ze organiséieren, fir esou och d’Schoule mat an d’Festivitéiten anzebannen.

“Dat ass e bësschen esou d’Zil, wou mer wëllen dorobber schaffen, dass mer soen, dat gëtt e Fest zu Lëtzebuerg fir de Sport.”

Back to Top
CIM LOGO