
Nom 4. Spilldag läit bei den Häre weiderhin d’Spora, no der Victoire géint Jonglënster, souverän un der Tabellespëtzt, wärend bei den Dammen de Leader Stengefort mat 0:8 géint d’Schéiss verluer huet an d’Plaz 1 an der Tabell den Dammen aus dem Bambësch iwwerloosse muss.
Et bleift also spannend, wien d’Finalltickete kann aléisen.
Resultater Hären:
Spora - Jonglënster: 12-0
Esch - Cap on Line: 3-9
Schëffleng - Houwald: 7-5
Péiteng - Schéiss: 3-9
Klickt hei, fir op d’Iwwersiichtssäit mat de Resultater vun den Hären ze kommen.
Resultater Dammen:
Diddeleng - Bouneweg: 4-4
Houwald - Péiteng: 2-6
Stengefort - Schéiss: 0-8
Gréiwemaacher - Spora: 0-8Klickt hei, fir op d’Iwwersiichtssäit mat de Resultater vun den Dammen ze kommen.All d’Detailer zu de Rencontere fannt Dir um Internetsite vun der Lëtzebuerger Tennisfederatioun.