Tennis: Seat LeagueSpora ënnermauert Favoritteroll bei den Hären

RTL Lëtzebuerg
An der Seat League am Tennis, de Seniors Interclub fir Dammen an Hären an der Nationale I, goufen zwou Partië virverluecht.
© FLT / Facebook

Opgrond vum internationale Kalenner, nämlech d’Deplacement vun eiser Nationalekipp an de Montenegro, goufen d’Rencontere Schëffleng - Cap on Line a Spora - Schéiss no vir verluecht.

An hei gouf et folgend Resultater:

Schëffleng - Cap on Line: 6:6

Spora - Schéiss: 9:3

Domadder ënnermauert d’Spora hir Favoritteroll an dëser Saison a setzt sech un der Tabellespëtzt liicht of.

Klickt hei, fir op d’Iwwersiichtssäit mat de Resultater vun den Hären ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO