Eng Mauer eropkloteren, fir uewe séier ee Selfie ze maachen oder een Hindernis-Laf iwwerwannen, wéi bei Super Mario. Ass de Kandidat ausser Otem, ass den Challenge gepackt. Dat ass dem Javier Beltran säi But a sengem Rockfit-Center – op spillerescher Aart a Weis seng Clientë beweegen doen, fir esou hir Ausdauer a Muskelkraaft ze stäerken.
D’Weltgesondheetsorganisatioun WHO recommandéiert nämlech, datt erwuesse Leit tëscht 18 a 64 Joer sech op d’mannst 150 Minutten d’Woch richteg beweegen.
Well awer nach vill Leit d’Devise “Sport ass Mord” hunn a sech mat Fitnessübunge schwéier dinn, huet sech de Javier Beltran aus Barcelona eppes ganz Besonnesches afale gelooss: Ee Fitnessraum, an deem Sport a Spaass zesummekommen.
Domat ass de Rock-Fit entstanen. Hei gi beispillsweis vill Klammübunge gemaach, bei deenen et dann zousätzlech och eng Rei Aufgaben ze léise gëtt. D’Iddi fir dëst Konzept hat de Javier Beldran ënnert anerem och, well hien zanter ville Jore schonn am Escape-Room-Business ass.
Wisou net och Béides verbannen, an aus enger physescher Aktivitéit, ee Spill mat Logik a Strategie maachen? D’Iddi fir dëse spezielle Sportsraum war deemno gebuer an d’Konzept kënnt virun allem bei de Sportsmuffele gutt un.