Um Campus GeesseknäppchenSportminister huet d'Präisser vum "Brevet sportif national 2022" verdeelt

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg krute Sportler vun allen Altersgruppen hiren nationalen Sportsdiplom vum Georges Engel.

De Brevet huet et 786 Sportler erlaabt, hire Konditiounsniveau bei enger Serie vun Epreuven, vu Vëlo iwwer Liichtathletik a Schwamme bis zur Ausdauer, ze testen. Ronn 52 Prozent vun hinnen hunn dëst dann och gepackt.

A senger Ried huet de Sportminister der Kommissioun vum Brevet sportif national wéi awer och de Schoule fir d’Organisatioune Merci gesot. Weider huet de Georges Engel ënnerstrach, datt physesch Aktivitéite wichteg wiere fir Kanner vu jonken Alter un.

PDF: Den Dossier de Presse

Back to Top
CIM LOGO