U21-Futtball-EM: FinallSpuenien ass no 2:1-Erfolleg U21-Europameeschter

RTL Lëtzebuerg
Zwee Goler sinn de Spuenier duergaangen, fir sech an der Partie géint d'DFB-Formatioun de 5. U21-EM-Titel ze sécheren.
De Fabián Ruiz huet mat engem secke Lénksschoss fir den 1:0 gesuergt
De Fabián Ruiz huet mat engem secke Lénksschoss fir den 1:0 gesuergt
© afp

E Sonndeg den Owend huet zu Udine an der U21-Futtball-EM-Finall Spuenien géint Däitschland gespillt. D’Ekipp vum Nationaltrainer Stefan Kuntz wollt den Europameeschterschaftstitel verdeedegen.

Spuenien huet Däitschland awer fréi duerch ee Gol vum Fabián Ruiz an der 7. Spillminutt geschockt a mat dem Score vun 1:0 goung et an d’Paus.

Knapp 20 Minutte virum Schluss huet Spuenien duerch den Dani Olmo op 2:0 erhéicht an domat fir d’Virentscheedung gesuergt.

D’DFB-Team ass an de Schlussminutten duerch ee Gol vum Nadiem Amiri nach eemol zeréck an d’Partie komm. D’Spuenier hunn hire Virsprong vun engem Gol awer iwwert d’Zäit bruecht.

Fir Spuenien war et iwwerdeems de 5. Titel bei den Europameeschterschafte vun den U21.

Back to Top
CIM LOGO