Wéinst Pyrotechnik beim DerbySt. Pauli an HSV solle 430.000 Euro Strof bezuelen

RTL Lëtzebuerg
Wéinst Pyrotechnik a Freedefeier wärend dem Derby de 16. September kéinte béid Veräiner eng Geldstrof a Rekordhéicht kréien.
© afp

Wéi den DFB op Ufro vum SID confirméiert, huet de Kontrollausschuss eng Strof an Héicht vun 250.000 Euro fir den Hamburger SV an 180.000 Euro fir den FC St. Pauli ugefrot.

Virun allem fir den HSV stellen esou Aktioune vun hirer Fan-Communautéit mëttlerweil eng finanziell Belaaschtung duer. An der leschter Spillzäit misste si Geldstrofen am Wäert vun 300.000 Euro bezuelen. De Club experimentéiert dowéinst zanter enger Zäit scho mat der sougenannter “kaler” Pyrotechnik, déi op bestëmmte Plazen am Stadion kontrolléiert ofgebrannt soll ginn.

Back to Top
CIM LOGO