E SonndegStade de Luxembourg fir Match géint Irland esou gutt wéi ausverkaaft

RTL Lëtzebuerg
Méi wéi 9.000 Leit gi sech fir de Match Lëtzebuerg géint Irland am Stade de Luxembourg erwaart.
© RTL

D’Lëtzebuerger Futtball-Nationalekipp ass den Dënschdeg an den Aserbaidschan geflunn. En Donneschdeg geet et nämlech an der WM-Qualifikatioun zu Baku virun. E Sonndeg heescht dann de Géigner am Stade de Luxembourg Irland. Net nëmme sportlech ginn et serréiert Deeg fir d’FLF, mä och organisatoresch.

Stade de Luxembourg ausverkaaft

Am neie Stade de Luxembourg ware bis elo maximal 2000 Leit erlaabt. E Sonndeg wäert de Stadion awer eng éischte Kéier ausverkaaft sinn. Iwwer 9.000 Spectateure wäerten d’Rout Léiwe géint Irland ënnerstëtzen.

Fir d’Lëtzebuerger Futtball-Federatioun gëtt dëst och a punkto Organisatioun eng aner Hausnummer, sou de Personalchef vun der FLF Erny Decker.

“Dat jiddefalls. Déi Matcher virdru ware mir jo limitéiert, mä déi hunn eis awer d’Méiglechkeet ginn, fir dem neie Stadion kennenzeléieren. Mä elo e Sonndeg mat iwwer 9000 Leit gëtt dat fir eis eppes ganz Neits, mä mir kucken dat awer anstänneg hinzekréien.”

De Match géint Irland wäert um 20.45 Auer ugepaff ginn an zwou Stonne virdrun, also 18.45 Auer, wäerten Dieren opgoen. An Zäite vu CovidCheck muss ee bei iwwer 9000 Leit als Spectateur e bësse Gedold an Zäit aplangen. Deemno wier et vu Virdeel, wann ee gudden Deel vun de Leit net a leschter Sekonn géif kommen, sou den Erny Decker.

“De CovidCheck gëtt déi gréissten Erausfuerderung fir all déi Leit, déi an der Organisatioun hëllefen. D’Zil ass et, fir déi 9.400 Leit wann ugepaff gëtt, alleguer am Stadion ze hunn. Dofir ass et och ganz wichteg fir mat Zäit bei de Stadion ze kommen. D’Leit sollen am Beschte vun de Navettë profitéieren, déi vum Bouillon, Lëtzebuerg-Süd an der Kockelscheier vun 18.30 Auer un a Richtung Stadion fueren.”

An déi Leit, déi net am Stadion dobäi sinn, déi kennen d’Partie wéi gewinnt um um RTL.lu, um RTL ZWEE an um Radio Live suivéieren.

Back to Top
CIM LOGO