Liichtathletik: Indoor-WMStafhéichsprénger Duplantis verbessert eegene Weltrekord

RTL Lëtzebuerg
Donieft huet och nach d'Yulimar Rojas de Weltrekord am Dräisprong verbessert.
© AFP

Op der Indoor-WM an der Liichtathletik zu Belgrad sinn e Sonndeg um leschten Dag zwee nei Weltrekorder opgestallt ginn. Den 22 Joer alen Armand Duplantis ass a sengem drëtte Versuch iwwer 6,20 Meter an domadder een Zentimeter méi héich wéi säin eegene Weltrekord gesprongen, deen hien de 7. Mäerz an der serbescher Haaptstad opgestallt hat.

Den Duplantis huet sech domadder Gold geséchert. Zweeten ass de Brasilianer Thiago Braz (5,95m) ginn an Drëtten den US-Amerikaner Christopher Nilsen (5,90m).

Virdru war d’Dräisprong-Olympiagewënnerin Yulimar Rojas aus Venezuela 15,74 Meter wäit gesprongen. Déi 26 Joer al Sportlerin ass domadder 31 Zentimeter méi wäit gespronge wéi bei hirem Weltrekord den 21. Februar 2020 zu Madrid.

Back to Top
CIM LOGO