Spiller vun de klenge LännerStart vu Lëtzebuerger Delegatioun a Richtung Andorra

RTL Lëtzebuerg
Vum 26. bis den 31. Mee sinn an Andorra d'Spiller vun de klenge Länner.
Start vu Lëtzebuerger Delegatioun a Richtung Andorra
Vum 26. bis den 31. Mee sinn an Andorra d’Spiller vun de klenge Länner.

E Freideg den Owend huet sech d’Lëtzebuerger Delegatioun vum P&R Bouillon aus a Richtung Andorra op de Wee gemaach: Ronn 200 Membere vun der Lëtzebuerger Delegatioun opgedeelt op sechs Busser. D’Arrivée ass fir e Samschdeg de Mëtteg 15 Auer geplangt.

Net all d’Sportler an d’Sportlerinne fuere mat de Busser mat. Verschiddener, wéi zum Beispill d’Dëschtennisspiller, déi d’lescht Woch nach zu Doha op der Eenzel-WM am Asaz waren, komme mam Fliger iwwer Barcelona no.

De Grand-Duché ass bei der 20. Editioun vun de Spiller vun de klenge Länner mat enger Rekord-Delegatioun vun 165 Sportlerinnen a Sportler vertrueden. Een Athleet konnt d’Rees a Richtung Andorra net untrieden. De Vëlosfuerer Charel Meyers huet säi Start missen ofsoen, well hie vu senger Ekipp net fräigestallt ginn ass.

PDF: Déi komplett Lëtzebuerger Delegatioun

Back to Top
CIM LOGO