
De Stater Racing huet sech fir d’Réckronn mat zwee neie Spiller verstäerkt. Den Abdel Omrani soll an der Defense fir méi Stabilitéit suergen. De Franco-Algerier huet fir d’lescht an der éischter Rumänescher Liga gespillt. Als Stiermer gouf de Mana Dembelé rekrutéiert. Den 31 Joer ale Stiermer huet haaptsächlech an der Ligue 2 a Frankräich säi Geld verdéngt. Säi leschte Veräin war Le Havre AC. Béid Spiller hu schonn emol ënnert dem aktuellen Trainer Regis Brouard am Profiberäich geschafft.