Kryptesche Post a soziale MedienSteet de Cristiano Ronaldo virun engem Wiessel bei en Toppclub?

RTL Lëtzebuerg
Aktuell spillt de Cristiano Ronald fir Al-Nassr FC a Saudi-Arabien. Säi Kontrakt leeft Enn Juni aus.
© AFP

En huet mat engem Bäitrag op der Kuerznoriichteplattform X d’Spekulatioune ronderëm e méigleche Wiessel ugeheizt.

“Dëst Kapitel ass eriwwer. D’Story? Déi gëtt nach ëmmer geschriwwen. Ech sinn allen dankbar.”

Dat kéint drop hindeiten, dass en de Veräi verléisst, ma et schéint awer nach net d’Enn vu senger Karriär ze sinn, wann e schreift, d’Story wier nach net eriwwer. De Post huet schonn iwwert 600.000 Likes an et gouf och schonn iwwer 20.000 Mol kommentéiert.

Am Summer steet d’Club-WM un an de Weekend hat de FIFA-President Gianni Infantino scho gesot, et kéint sinn, dass de Cristiano Ronaldo bei dëser kéint untrieden, am Fall vun engem Veräinswiessel.
Duerch eng nei Reglementatioun ass et de Veräiner, déi bei der Club-WM untrieden, méiglech nach Kuerzzäit-Transferten duerchzeféieren.

Ëmfro

Wéi ee Veräi spillt a wéi engem Grupp?

Gruppe A
SE Palmeiras
FC Porto
Al Ahly FC
Inter Miami CF

Gruppe B
Paris Saint-Germain
Atlético de Madrid
Botafogo
Seattle Sounders FC

Gruppe C
FC Bayern München
Auckland City FC
CA Boca Juniors
SL Benfica

Gruppe D
CR Flamengo
Espérance Sportive de Tunis
Chelsea FC
Club León

Gruppe E
CA River Plate
Urawa Red Diamonds
CF Monterey
FC Internazionale Milano

Gruppe F
Fluminense FC
Borussia Dortmund
Ulsan HD
Mamelodi Sundowns FC

Gruppe G
Manchester City
Wydad AC
Al Ain FC
Juventus FC

Gruppe H
Real Madrid C.F.
Al Hilal
CF Pachuca
FC Salzburg

Den 1. Match gëtt de 15. Juni zu Miami gespillt. D’Finall ass dann den 13. Juli zu New York.

Back to Top
CIM LOGO