
De Stefan Kraft ass e Samschdeg beim Schifléien zu Oberstdorf 232 an 207 Meter wäit geflunn a louch domadder hauchdënn virum Zigla Jelar (232/220 m). Nëmmen 1,7 Punkten hunn de Slowen vu senger éischter Weltcup-Victoire getrennt. Drëtten ass dem Jelar säin Teamkolleeg Timi Zajc (22,5/207 m) ginn.
De Karl Geiger konnt iwwerdeems am Kampf ëm de Gesamtweltcup minimal Buedem guttmaachen op de Ryoyu Kobayashi. Den Däitschen ass als 9. eng Plaz virum Leader aus Japan gelant. Béid Schisprénger trennen 58 Punkten am General.